Nationalfeierdag an der PhilharmoniePublic op offiziell Zeremonie agelueden, Plaze bannent knapp 15 Minutten fort

RTL Lëtzebuerg
Wie schonn ëmmer eng Kéier op Nationalfeierdag bei der offizieller Zeremonie wollt dobäi sinn, hat e Freideg d'Chance, sech unzemellen.

Dëst Joer dierf de Public de Gebuertsdag vum Grand-Duc och an der Philharmonie live materliewen. Nieft ënner anerem der groussherzoglecher Famill, den Deputéierten an der Regierung ass dëst Joer och de Public op déi offiziell Zeremonie um 10 Auer an der Philharmonie invitéiert.

Well d’Plazen awer limitéiert sinn, hunn Interesséierter sech fir d’Zeremonie missen umellen. Start vun den Umeldungen war dëse Freideg um 9 Auer um Site vun der Regierung. Wéi den Ausseministère preziséiert, waren d’Plazen all bannent knapp enger Véierelsstonn fort. D’Invitatioune ginn der Reiefolleg vun den Aschreiwungen no verdeelt.

Fotoe vun der Zeremonie 2023

Back to Top
CIM LOGO