
De Mordprozess am Fall Ana Lopes wäert den 10. Mäerz dëst Joer ufänken, dat schreift d’Lëtzebuerger Wort.
Ugeklot ass den Ex-Frënd vun der jonker Fra, a Papp vun engem gemeinsame Kand, deen e puer Wochen nom Doud vun der Fra festgeholl gi war.
De Prozess wäert ënner strenge Sécherheetsmesuren oflafen, well de Beschëllegten a seng Famill bei engem anere Prozess zejoert scho ganz aggressiv viru Geriicht opgetruede waren.
RTL Artikel vum 23. Januar 2017: Läich vu Roussy le Village identifizéiert: Ana Lopes