
Fir d’Vertrieder vun den ONGen aus dem Beräich vun der Entwécklungszesummenaarbecht kënnt et net a Fro, fir beim Budget verschidden Depensë fir de Klima oder den Accueil vun de Flüchtlingen mat anzerechnen. Doduerch kéint de Kooperatiounsbudget, deen haut bei 1% vum RNB (revenu national brut) läit, ëm ee Véierel gekierzt ginn.
De Kooperatiounsminister Xavier Bettel war um Enn vun den Debatten no senger Deklaratioun iwwer d’Lëtzebuerger Kooperatiounspolitik an der Chamber zréckgeruddert an hat erkläert, hien hätt just wëllen eng Diskussioun ustoussen, virum Hannergrond vum aktuellen Zoustand vum Staatsbudget. Fir de Cercle de coopération wier dat awer wäit méi wéi eng technesch Adaptatioun. Mä vill méi eng nei politesch Ausriichtung vun der Entwécklungszesummenaarbecht, déi doduerch manner Moyenen hätt fir déi international Solidaritéit.
An der ablécklecher geopolitescher Situatioun mat ville Krise misst d’Hëllef éischter souguer nach eropgoen. Dës nei Ausriichtung wier och en direkte Widdersproch zu viregen Engagementer vum Parlament, gëtt am Communiqué bedauert. D’lescht Joer hätten nach all Parteien, mat Ausnam vun der adr, d'1%-Zil vun der Kooperatiounshëllef héich gehalen.