
Virun zwou Wochen hat d’Uni den Appel à candidatures vun 2025 fir d’Audacity-Fuerschungsgelder vun hirem Institute for Advanced studies (IAS) annuléiert. Déi lescht Woch huet d’Vizerectrice Simone Niclou der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert, datt een d’Aarbechtskontrakter, déi schonn ofgeschloss goufen, géif honoréieren.
Dat heescht net manner, wéi datt elo Leit aus dem Budget vun der Uni bezuelt géifen, fir op Projeten ze schaffen, déi et net méi gëtt. D’Héichschoulministerin Stéphanie Obertin sot dozou op Nofro no der Reunioun: “Ech verstinn, datt dat hei mat den ëffentleche Gelder ganz sécher keng gutt Saach ass. Mä d’Neutralitéit ass net garantéiert. An dat mengen ech, dat däerf een och net virgeworf kréien, datt hei am Fong ee Conflict d’intérêt war bei der Auswiel vun de Projeten.”
Klenge Rappel: D’Fuerscherin Emma Schymanski war am Jury fir d’Auswiel vun den Audacity-Projeten, obschonns si selwer och Kandidatin mat engem Projet war. Si huet hiren eegene Projet net mat evaluéiert a klasséiert, mä awer déi vun hiren direkte Konkurrente fir d’Fuerschungsgelder. D’Stéphanie Obertin sot:
“Ech kann ëmmer nëmmen erëm ënnersträichen, wa mer eppes entdecken, wat mer och no onsem Empfannen net der Neutralitéit ugeet, da muss och reagéiert ginn. An dat ass hei gemaach ginn. An duerfir hunn ech déi Decisioun, déi de Rektorat geholl huet, och ënnerstëtzt.”
Fir d’Ministerin missten d’Prozedure geännert ginn, wa se net duer ginn. Dobäi seet de Code de Conduite vun der Uni elo schonn explizitt, datt een net un Diskussiounen oder Decisiounen Deel däerf huelen, wou een een en Interessekonflikt huet.
D’Simone Niclou huet sech an der Chamber drop behaapt, et wiere keng Feeler gemaach ginn. Ma wa keng Feeler geschitt sinn, op wéi enger Basis goufen d’Projeten dann annuléiert?
“Mir hunn an dësem Fall einfach d’Decisioun geholl, fir déi ganz Diskussioun, loosse mer soen, fir d’Confiance, déi ugeschloen ass, fir déi zréckzegewannen, hu mer einfach entschloss, fir déi ganzen Prozedur ze annuléieren an dee Call vum leschte Joer zréckzezéien.”
Alles an allem haten déi fënnef selektionéiert Projeten – dorënner dee vun der Emma Schymanski – zwou Milliounen Euro zougesprach kritt, esou d’Vizerectrice.
“Deen Impakt ass natierlech fir déi Ekippen, déi e Projet haten, immens grouss. Dat ass net schéin. Natierlech an deem Fall, wou Kontrakter scho gemaach gi sinn, déi ginn honoréiert.”
Wéi vill dat der wieren, konnt si dee Moment net soen, ma si géif déi Informatioun noliwweren. Op Nofro vun RTL bei der Uni war d’Äntwert dës Woch, “kee Commentaire”, obschonns d’Uni der Chamber déi Informatioun wäert musse liwweren.
Wéi aner Deputéiert och, hat den LSAP-Deputéierte Ben Polidori no der Reunioun Probleemer, fir d’Virgoe vun der Uni nozevollzéien.
“Si soen awer u sech, et ass alles an der Rei, mä mir maachen et awer elo, fir Rou an der Welt ze schafen. Dat huet mech schonn e bëssen iwwerrascht, fir déi Ausso, ouni Begrënnung, ouni richteg Begrënnung awer ze héieren. An déi aner Säit, mengen ech, musse mer awer och soen, dass d’Ministesch sech awer entlarvt huet, dass se sot, dass awer déi Conflits d’Interêten iergendwéi awer do sinn, well dowéinst ënnerstëtzt si am Fong och déi Decisioun.”
Och d’Françoise Kemp vun der CSV huet net verstanen, aus wéi engem Dëppen déi Leit géinge bezuelt ginn, a woufir - schliisslech sinn hir Projeten annuléiert:
“Also ech mengen, do sinn eng Jet Froen op, an do musse mer weider dru bleiwen.”
D’Vizerectrice Simone Niclou hat ugangs der Sitzung gesot, et wier schwiereg als Rektorat an d’Kommissioun ze kommen, wann een als solcht näischt géing gegleeft kréien. Si war ouni de Recteur Jens Kreisel do, well deen ass bis de 4. Mee am Krankeschäin.
Dofir war dës Kéier awer de President vum Conseil de gouvernance vun der Uni, den Entrepreneur Yves Elsen do. Eng Fro un hie war, wie beim ugekënnegten Audit dierft matschwätzen a wéi géing séchergestallt ginn, datt jiddereen dierft seng Meenung soen, ouni musse Konsequenzen ze fäerten. Den Yves Elsen huet versicht, ze berouegen. Hien huet erkläert, dës Aspekter wieren Deel vun der Methodologie, déi den Auditeur misst ausschaffen.
Den Yves Elsen sot, datt am Appel d’offres, “ganz kloer drasteet, datt mer gären e Kanal sécurisé hätten, wou jidderee sech kann an engem séchere Raum ausdrécken, ouni datt mer d’Angscht hunn, dass se duerch seng Ausso iergendeppes kéint an der Karriär op der Universitéit falsch nogedroe ginn. An dat ass fir de Conseil en absolutt Gebot. An ech kann Iech och soen, an deem Kontext huet de Conseil och gesot, datt mer eng Politik fuere vun der Zero Tolérance. Ech mengen, et gëtt elo ganz kloer gespillt, net de Mann, mä de Ball. An déi zweet Saach, do huet de Conseil och decidéiert, datt, Dir wësst, an ech wëll och net dat duercherneegeheien, mat deem Terme Audit, mir hunn en Audit intern op der Universitéit, deen dem Conseil rapportéiert, an datt deen Audit ugestallt ginn ass, e kompletten Examen ze maache vum gesamten Dispositif. Iwwert d’Confidentialitéit an iwwert de Conflit d’intérêts an allen interne Reglementer wier ze hunn, éischtens, datt se do sinn an zweetens, datt se mat der selwechter Systematik iwwerall op all Niveau duerchgefuer ginn, net dass do eng Kéier e bësse méi large an eng Kéier e bësse méi streng gehandelt gëtt, datt et wierklech eng ganz fair and equal treatment gëtt.”
Der grénger Deputéiert Joëlle Welfring war awer net just dësen Audit wichteg, mee och dee vum Héichschoulministère iwwert d’Gouvernance vun der Uni. D’Professere Luc Heuschling a Benoît Majerus haten zesummen an engem oppene Bréif kritiséiert, datt d’Organisatioun vun der Uni vill ze vertikal wier. An der Reunioun hat d’Simone Niclou erkläert, datt effektiv dem Gesetz no de Recteur alles op der Uni decidéiert.
Dono sot d’Joëlle Welfring: “Wéi et schéngt, ass do e Bewosstsinn, dass do Saachen effektiv misste verbessert ginn. Mä sou explizitt war d’Ministesch dann haut trotzdeem net. An awer hunn ech eraushéieren, dass fir d’éischt den Audit soll ofgewaart ginn. Dono d’Gesetz ugepasst ginn, wat mer logesch schéngt. An ech hoffen, dass da wierklech och do Neel mat Käpp gemaach ginn. A mir sinn als Oppositioun do, fir dat, fir dat vun Noem ze suivéieren.”
Den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner wollt och vum Rektorat wëssen, ob et en Interessekonflikt géif gesinn, an der Uni hirer Zesummenaarbecht mat dem President Yves Elsen senge Firmen. Ma amplaz vum Rektorat huet de Concernéierten direkt selwer geäntwert. Wat den Yves Elsen beschriwwen huet, huet op d’mannst esou vill no méigleche Staatsbäihëllefen wéi no Interessekonflikt geklongen. Well hien huet zouginn, datt et seng Firma Hitec manner kascht, wa si der Uni hiren SNT fir d’Recherche bezilt, wéi wa se selwer géing maachen.
“Et gëtt verschidden Typpe vu Kooperatioune mat der Universitéit. Dat Éischt, dat ass d’Recherche contractuelle. An dat ass notamment déi, déi d’Hitec hëlt. Mir bezuelen d’Universitéit, fir eis Fuerschungsprojeten ze maachen. Ech mengem am Kontext vun enger Wirtschaftspolitik, wou mer wëllen op d’Innovatioun an d’Recherche goen, ass dat e ganz wichtege Facteur fir Firme wéi eis, déi eng PME sinn, hei um Terrain vu Lëtzebuerg dat kënnen ze maachen zu engem Coût, deen eis ganz vill Transportkäschten spuert.”
Seng Firma hätt zanter 2008 där Kontrakter mat der Uni. Am Unisgesetz steet notamment, datt d’Membere vum Conseil de gouvernance keng aner “Fonctioun” op der Uni däerfen hunn.
Den Yves Elsen sot: “Wéi ech gefrot gi sinn vun der Regierung, ob ech dat Mandat am Conseil géing unhuelen, war der Regierung dat ganz bekannt.”
Ma hien huet och argumentéiert, datt hie selwer weder op der Säit vu senge Firmen, nach op der Säit vun der Uni an d’Verhandlunge vun deene Recherche-Kontrakter agebonne wier.
Dës Erklärungen hunn den David Wagner awer net zefridden gestallt. Hie sot no der Reunioun: “Ech mengen am Beschte wier et, mir hätten e President, dee kee Conflit d’intérêts hätt, zemools net mat Societéiten, déi Projeten oder Collaboratiounen huet mat Entitéite vun der Uni. Ganz einfach. Dat kann den Här Elsen selwer léise relativ séier. Bon, a posteriori ass et e bësse spéit fir déi Projeten, déi en cours sinn. Mä op jidder Fall misst dat de Prinzip sinn. Ech mengen do misst ee scho ganz streng sinn u sech, jo. Also et ass problematesch. Et kann een net einfach esou soen, ‘oh, dat ass, dat geet schonn.’ Ech sinn net domadder averstanen.”
Mat den oppene Froen, déi bleiwen, mat den Auditen, déi ausstinn, war dat sécher net déi leschte Kéier, datt d’Uni an hir Dirigente Sujet an der Chamber waren.