
Problemer um Findel
E Sécherheetsproblem huet e Freideg de Moien dofir gesuergt, datt all d’Leit, déi schonn agecheckt haten, eng zweete Kéier duerch den Check-in hu misse goen. Dëst huet zu laange Waardezäiten a massive Verspéidung um LuxAirport gefouert.
Walcampagne lancéiert
A ronn engem Mount sinn Europawalen an Ufank der Woch goufen d’Walcampagnen hei zu Lëtzebuerg lancéiert. Op all eise Plattforme wäert Dir déi wichtegst Informatioune kréien. An eisem Politmonitor virun de Walen ass kloer ervirgaangen, datt zwar d’LSAP-Politiker besser bei de Leit ukommen, si der CSV awer méi zoutrauen.
Police notzt Walplakater
D’Walplakater kann een net just notzen, fir Reklamm fir d’Partei ze maachen. Nee, eis Police huet dës ënner anerem tëscht Bous a Réimech genotzt, fir hire Radar drënner ze verstoppen.
Duebele Feierdag voll ausgenotzt
Um Europadag a Christi-Himmelfaart war d’Wieder ideal, fir Zäit dobaussen ze verbréngen. Vill Leit hunn dëst och genotzt a waren op den diversen Evenementer hei am Land mat dobäi. Och eis Fotografen hu sech et net huele gelooss, fir vun der Wallfaart zu Wolz, dem COSL-Sport- a Spillfest oder dem Landjugenddag mat dobäi ze sinn.
12 Points for...
No 31 Joer war Lëtzebuerg nees mat dobäi. Als Lescht an der éischter Halleffinall annoncéiert, huet d’Tali dierften als Véiert e Samschdeg beim ESC untrieden. Zum Schluss sollt et déi 13. Plaz ginn, gewonnen huet d’Schwäiz.
Vandalismus zu Metz
Am Centre Pompidou gouf en Tableau vum Moler Courbet mat rouder Faarf gesprayt. Responsabel fir dësen Tëschefall soll eng Lëtzebuergerin gewiescht sinn.
Vaxzevria zeréckgezunn
Den Impfstoff, deen AstraZeneca géint de Coronavirus entwéckelt hat, gouf weltwäit zeréckgezunn. Vun der Entreprise heescht et, datt sech d’Produktioun net méi géif rentéieren, well aner Produiten um Maart wieren. Ma och leeft a Groussbritannien eng Plainte géint d’Pharmaentreprise, well et a seele Fäll zu schwéieren Thrombose koum, déi och zum Doud gefouert hunn.
Awer Plagiat?
E Geriicht huet de Lëtzebuerger Moler Jeff Dieschburg an zweeter Instanz wéinst Plagiat verurteelt. Den Tableau “Turandot” dierf net méi ausgestallt ginn, soss riskéiert de Lëtzebuerger eng Geldstrof vun 1.000 Euro pro Dag. Eng Indemnitéit vu 1.500 Euro muss hien och bezuelen.