Kee Lëtzebuerger Cremant bei LuxairPrivatwënzer fille sech an hir Produite mat Féiss getrëppelt

RTL Lëtzebuerg
Eng parlamentaresch Fro vu 5 Deputéierten, firwat u Bord vun der Luxair kee lëtzebuergesche Cremant méi zerwéiert gëtt, suergt den Ament fir Opreegung.
Kee Lëtzebuerger Cremant bei Luxair
Privatwënzer fille sech an hir Produite mat Féiss getrëppelt

Virun allem och bei de Wënzer hei am Land. D'Decisioun fir e lëtzebuergesche Produit mat enger franséischer Alternativ z'ersetzen, kéint een net novollzéien.

Och wann ee verstoe kéint, dass an dësen Zäite misst gespuert ginn, wier dat heite fir si, op der falscher Säit gespuert, a géing e falsche Message no baussen droen.

© Fabienne Zwally (Télé)

Sou hu sech e Mëttwoch de Mëtteg spontan eng ganz Rei vun de 50 Membere vun de Privatwënzer op der Musel getraff, fir dogéint virzegoen.

Si fille sech, a virun allem och hire Cremant, mat Féiss getrëppelt a fuerderen de Staat dozou op, regional Produite wäertzeschätzen an ze schützen.

Back to Top
CIM LOGO