Henri KoxPrivatsphär gëtt respektéiert, ma d'Police kontrolléiert an der Nuecht

RTL Lëtzebuerg
Et ka gefeiert ginn, mä et ass en anert Feieren, eben am ganz klenge Krees. Dat sot de Policeminister Henri Kox den Owend am RTL-Interview.

De Minister appelléiert un d'Eegeresponsabilitéit vun de Leit. D'Privatsphäre soll respektéiert ginn. D'Police wier awer den Owend ënnerwee a géing kontrolléieren.

Op de leschte vum Joer gekuckt, goufen 68 Protokoller geschriwwen, zënter datt déi nei méi strikt Covid-Mesuren a Kraaft sinn. Déi meeschte Leit géinge sech drun halen, sou de grénge Minister.

Jidderee kéint nach spadséiere goen, wa sech un déi néideg Distanze gehale gëtt. Et hätt ee versicht, sou gutt et geet koherent ze sinn an d'Leit mat an d'Boot ze huelen.

Bei den Infektioune wier een um gudde Wee, wann et mat den Zuele esou weider no ënne geet, hätt hien d'Hoffnung, datt een am Januar lues a lues aus dem Confinement erauskéim.

Ma dat wéisst een awer net an de Risiko wier reell, datt d'Zuelen rëm géinge klammen.

Back to Top
CIM LOGO