Lëtzebuerger Satellitten-EntreprisePrezis a séier Wiederprognose mat Spire Global

Pierre Weimerskirch
De Geschäftsmodell vun der Entreprise baséiert op der Kollekt a Veraarbechtung vun Donnéeën, déi iwwer 100 Satellitte sammelen.
Prezis a séier Wiederprognosen mat Spire Global
De Geschäftsmodell vun der Entreprise baséiert op der Kollekt a Veraarbechtung vun Donnéeën, déi iwwer 100 Satellitte sammelen.

No 3 Joer zu Lëtzebuerg sinn d'Büroe schonn ze kleng. D'Firma ass gewuess an och wann den Homeoffice zum Deel opgehuewen ass, kënnen den Ament net all d'Leit op de Site schaffe kommen. Also sicht een no neie Lokaler.

Mat de Satellittendate kéint ee staarke Reen besser a méi fréi viraussoen, esou d'Theresa Condor vu Spire Global. Esou ass eng besser Iwwerwaachung méiglech a sou kéint een och geziilt d'Reaktioun op Wiederphenomener upassen.

Et wier virop duerch d'Satellittekonstellatioun vu Spire méiglech, ganz prezis Prognosen ze maachen. Zanter Juli kréien och déi europäesch Wiederdéngschter Daten zur Verfügung gestallt.

D'Entreprise, déi hiren europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg huet, wëll weider an den nächste Jore wuessen. De Klimawandel géif een zwar virun nei Erausfuerderunge stellen, ma awer och nei Chancë bidden. "Mir wëlle weider relevant Date sammelen an dës dann analyséieren, fir esou eisem Planéit ze hëllefen. Mam gréisstméiglechen Impakt fir d'Leit", esou d'Theresa Condor.

Wat d'Wiederprevisiounen ugeet, géif een aktuell nach net mat de Lëtzebuerger Autoritéiten zesummeschaffen.

Back to Top
CIM LOGO