E Mëttwoch ass et esou wäit. Nom forcéierte laange Wanterschlof fänken d'Horeca-Betriber nees u mat liewen, wann och just zum Deel. Eng RTL-Ekipp huet sech en Dënschdeg an der Stad e Bild gemaach.
D'Preparatioune lafen op Héichtouren. D'Virfreed bei esou munch Restaurateur a Cafetier ass grouss, ëmmerhi konnten elo méi wéi 4 Méint keng Clienten empfaange ginn.
D'Restaurateurin Vanessa Vukic: Jiddereen hat es elo sat, fir doheem ze bleiwen. D'Leit wéilten hiert Liewe rëm a wéilten an d'Restaurante kommen. Dat wier wichteg fir de Leit hir Moral. Och wann et just punktuell wier, wier d'Ouverture eng gutt Saach, et géing een d'Maschinn redemarréieren.
Trotz der genereller Freed sollt een natierlech net dermadder rechnen, datt d'Geschäfter lo nees normal lafen, sou den Giuseppe Parinno, Patron vun engem Restaurant an der Louvignys-Gaass: Mir freeën eis, well mir kënnen opmaachen, mä mat sou enger klenger Terrass verdénge mer guer kee Geld.
D'Käschte géinge gedeckt ginn, sou den Giuseppe Parinno, deen der Meenung ass, datt de Lëtzebuerger Staat de Betriber am Verglach mam Ausland vill hëlleft.
Et wier op alle Fall eng Flicht, opzemaachen, vis-à-vis vun de Leit, der Gemeng, awer och der Federatioun Horesca, déi sech staark agesat hätt.
E puer Meter weider op der Plëss bréngt de Patron Jean Sutera seng Terrasse op Héichglanz: Nëmme Gléck, dat kënnt der Iech net virstellen. Ech war de Moie schonn ëm 7 Auer hei, fir ze botzen. Déi ganz Ekipp freet sech. Et war einfach ze laang.
Eng Partie Stammgäscht hätte sech scho gemellt, leider hätt een deenen natierlech keng Plaz bannena kënne proposéieren, seet de Jean Sutera.
Hoffe mer, datt den Här Bettel eis d'Autorisatioun gëtt, fir och bannen opzemaachen. Et ass dat, wat eis feelt. Wa mer nëmme bësse kéinte schaffen, mat allen Distanzen, déi néideg sinn.
Fir d'Reouverture spillt d'Wieder alles anescht wéi mat, den Abrëll mécht ebe wat e wëll. Deen een oder aneren huet seng Terrass awer spontan esou amenagéiert, datt Keelt oder Reen besser ze erdroe sinn, wéi de Fernand Guelf, Patron vun engem Restaurant um Kierchbierg: Mir iwwerdecken esou, datt wann et reent, datt d'Leit geschützt sinn. Mir hunn och Heizungen, fir datt et net ze kal gëtt.
D'Federatioun Horesca begréisst mat der Ouverture e Schratt an déi richteg Richtung. Et wier een en Deel vun der Léisung. Allerdéngs stéiert de Generalsekretär François Koepp sech e bëssen un den Auerzäiten. Amplaz vu 6 Auer hätt ee fir 8 Auer plädéiert: No 8 Auer hätte wéineg Leit sech doheem privat getraff. Vu 6 bis 11 sinn et awer 5 Stonnen. Do kann et sinn, datt d'Leit nach heem een huele ginn an da falen d'Hemmschwellen.
Vun alle Restaurateuren a Cafetieren ass et den Appell un d'Clientèle, d'Plazen op der Terrass am beschten am Viraus ze reservéieren.
