
Dat am Kader vum "Comité de suivi du fonds spécial indemnisation dégats gibier", an deem d'Jeeër an d'Naturverwaltung all Kéier mat 3 Member vertruede sinn.
D'Ministesch verweist op den Exposé des motifs vum concernéierte Règlement grand-ducal, wat d'Hannergrënn vun dëser Hausse ugeet. Wéi et hei heescht, goufen et déi lescht 2 Joer vill méi Demandë fir Remboursementer wéinst Wëldschued, déi aus dem Fong bezuelt ginn, deen duerch d'Juegdschäiner alimentéiert gëtt.