Interpellatioun an der ChamberPositives ma och Schwaachpunkte vum PIB vum Wuelbefannen

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 2009 an 2015 huet d'Wuelbefanne bei de Leit am Land ofgeholl an domadder och hiert d'Vertrauen an d'Institutiounen, esou d'Josée Lorsché.

Viru 16 Deeg war se duerch d'Annonce vum Doud vum Eugène Berger ënnerbrach ginn, en Donneschdeg gouf se ofgeschloss: d'Interpellatioun an der Chamber, vum CSV-Deputéierte Serge Wilmes iwwert de sougenannte PIB du bien-être.

D'Riedner hunn op déi positiv Aspekter vun deem PIB vum Wuelbefannen higewisen, awer och op Schwaachpunkten.

PIB vum Wuelbefannen / Reportage Eric Ewald

D'Donnéeë zum PIB du bien-être wären net allze fiabel, huet de Sven Clement bedauert, soudass keng ëmfaassend Aussoen zu de Suerge vun de Leit ze maache wären. Fir esou eppes sënnvoll ze notzen, mussen d'Date reegelméisseg erhuewen an ausgewäert ginn.

Nëmmen duerch eng reegelméisseg Publikatioun kéint een dem Vertrieder vun der Piratepartei no Entwécklungen erkennen.

Den David Wagner, dee vun Ironie geschwat huet, dass dës Interpellatioun vun der CSV ausgoung, gesäit am PIB vum Wuelbefannen net déi eenzeg Léisung. Et misst een och d'Räichtumsaccumulatioun vun eenzele Leit analyséieren. Fir den Deputéierte vun déi Lénk misst de Projet Google-Datazenter an deem Liicht betruecht ginn.

Tëscht 2009 an 2015 huet d'Wuelbefannen hei am Land nogelooss, huet d'Josée Lorsché ervirgehuewen. Och hätt d'Vertrauen an d'Institutiounen ofgeholl. D'Vertriederin vun déi Gréng huet d'Schafe vun engem Observatoire des inégalités gefuerdert. Wann ee weess, wéi et ëm d'Kompetitivitéit vun der Ekonomie ausgesäit, muss een och wëssen, wéi et mat den Inegalitéite bei de Leit um Terrain ausgesäit.

Lëtzebuerg léich beim normale PIB wäit vir, ma de stramme Wuesstem géif net bei de klenge Leit ukommen, huet de Gast Gibéryen fonnt. Dowéinst ass de PIB du bien-être fir den adr-Deputéierte wichteg. Well de Räichtum vum Land a vum eenzele Mënsch a senger Famill huet och nach aner esou wichteg Konsequenzen wéi just d'Geld.

Den normale PIB géif den nationale Räichtum moossen an, fir op de PIB du bien-être ze kommen, duerch zousätzlech Indicateure completéiert ginn, woubäi der 63 vläicht ze vill wären, sou de Franz Fayot. D'Fro wär dofir: Wat maache mer domat?

Extrait Franz Fayot

Et ass e wichtegt Instrument an enger nohalteger Wirtschaftspolitik. De PIB vum Wuelbefanne misst awer iwwerschafft ginn, fir manner Indicateuren ze hunn awer och, fir et hinzekréien, datt dëse PIB méi séier disponibel ass. Donieft wëll de Franz Fayot mam Finanzminister kucken, fir de PIB du bien-être an de Staatsbudget ze kréien.

Respektiv en a wichteg Texter erawierken ze loossen, wéi de Minister nach gemengt huet

Back to Top
CIM LOGO