Stater GarePolizist no Ausernanersetzung mat e puer Persoune liicht blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Géint 15 Auer e Freideg am Nomëtteg krut d'Police e Grupp Leit virun der Stater Gare gemellt, déi sech aggressiv géinge verhalen.
© RTL Archivbild

Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, war vun de gemellte Persoune scho kee méi do. No enger kuerzer Sich konnt si awer fonnt ginn, ma d'Männer si beim Ubléck vun de Beamte geflücht.

D'Police ass hannendru gelaf a konnt ee vun hinne stellen.

Bei der uschléissender Kontroll koum eng weider Persoun dobäi. Dës gouf immens opdrénglech an et koum zu Handgräiflechkeeten. Den Aggresseur gouf immobiliséiert an op de Policebüro matgeholl. Et gouf Plainte wéinst Rebellioun a Schléi géint Beamte gemaach. E Klappmesser, dat op der Plaz fonnt gouf, gouf op Uerder vum Parquet sécher gestallt.

Ee Beame gouf beim Asaz liicht blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO