De Grand-Duc Guillaume huet vum 7. bis den 9. Mee un der järlecher Reunioun vun der "World Scout Foundation" an um 78. "Baden-Powell Fellowship Event" zu Stockholm a Schweeden deelgeholl.
Wéi den Haff an engem Schreiwes matdeelt, krut de Staatschef bei dëser Occasioun vum schweedesche Kinnek Karl Gustaf offiziell d'Éierepresidence vun der "World Scout Foundation" iwwerdroen. De Grand-Duc géif sech zanter Laangem am Scoutsmouvement engagéieren a wier och schonn zanter ville Joren an der "World Scout Foundation" engagéiert, an där hien och scho President vum Verwaltungsrot war.
D'Éierepresidence vun der Fondatioun ass eng representativ Funktioun. Sënn an Zweck ass et, déi international Ausstralung an Ënnerstëtzung vun der Scoutsbeweegung ze fërderen.