
De Chauffer vun der Vespa hat Gréng a wollt vun der Place de la Gare no lénks an d'Avenue de la Liberté ofbéien. Du wier vu lénks e Policeauto mat héijer Vitess gefuer komm, duerch Rout, hätt dobäi awer keng blo Luuchten oder d'Sireen ungehat, sou d'Ausso vum Geschiedegten. Weider huet de Mann präziséiert, datt et Aenzeie géif, déi dëst och bestätege kéinten.
D'Poliziste kruten de Chauffer mat der Vespa ze paken. De Motocyclist koum an d'Spidol, wou festgestallt gouf, dass d'Been zwee Mol gebrach ass.

D'Police huet beim Affer eng Alkoholkontroll gemaach, déi war negativ. D'Beamten hunn dem Affer erkläert, si wiere vun enger anerer Patrull als Verstäerkung geruff ginn. Dofir wiere se duerch Rout gefuer.
E Constat wier nach net gemaach ginn, well hie vun der Plaz vum Accident direkt an d'Spidol gefouert gouf, sot d'Affer op Nofro vun RTL hin.

D'Police huet dann op Nofro vun RTL och confirméiert, datt et zu engem Zesummestouss tëscht engem Policewon an enger Vespa gouf, datt um 0:07 Auer op der Place de la Gare. Weider hu si och geschriwwen, datt de Chauffer vum Moped blesséiert gouf. D'Versioun vum Geschiedegten huet de Service presse vun der Police weder confirméiert, nach dementéiert.
Dort war es vermutlich infolge einer Vorfahrtsmissachtung zu einem Zusammenstoss zwischen einem Dienstfahrzeug der Polizei und einem Moped gekommen. Dabei wurde der Mopedfahrer verletzt und ins Krankenhaus transportiert.