
Geklaut krut de Client vun engem Liewensmëttelgeschäft seng Kaart an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch, dat nodeems eng onbekannte Fra a Begleedung vun hirem Kand e Mann ëm Geld gefrot hat.

Kuerz nodeems d'Kaart geklaut gouf, ass op verschiddene Bankomater Geld opgehuewe ginn, souwéi op Tankstellen zu Esch, Rodange an am Ausland mat der Bankkaart bezuelt ginn.
AN deem Kader freet d'Police no Zeien, déi eventuell Indicen zu de Persounen op der Foto hunn oder wëssen, wou sech d'Persoune kéinten ophalen. All Informatioun ass fir d'Escher Police um 244501000.