Tëschefall zu KopleschtPolice sicht no Zeien no Accident mat Materialschued de 27. Mee

RTL Lëtzebuerg
De 27. Mee koum et géint 22.35 Auer zu engem Accident tëscht 2 Gefierer an der Lëtzebuerger Strooss zu Koplescht.

En Automobilist, dee vu Briddel an Direktioun Koplescht ënnerwee war, hat beim Iwwerhuelen en Auto iwwersinn, deen deen Ament op der selwechter Fuerspuer war an no lénks ofbéie wollt. Béid Gefierer krute sech ze paken.

Eventuell Zeie solle sech bei der Police vu Capellen-Stengefort mellen um (+352)244301000 oder per E-Mail op policecapellensteinfort@police.etat.lu.

Virfäll an der Nuecht op e Méindeg

Géint 23 Auer ass ee Chauffer zu Dikrech am Bamerdall kontrolléiert ginn. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn. Donieft krut de Chauffer e Protokoll.

E Protokoll an de Fürerschäin ofgeholl krut och een Automobilist kuerz no Hallefnuecht, deen ze séier an der Bouneweger Strooss gefuer ass. Och hei war Alkohol am Spill.

Back to Top
CIM LOGO