Alkoholiséierte ChaufferPolice op der Autobunn mat 205 km/h iwwerholl

RTL Lëtzebuerg
Op der A7 huet en Donneschdeg den Owend géint 23.20 Auer an Automobilist sech selwer an d'Viséier vun der Police bruecht.

De Mann huet e Policewon bei staarkem Reen mat 205 Kilometer an der Stonn iwwerholl, erlaabt war zu deem Ament 90. D'Beamte sinn dem Gefier nogefuer a konnten et och stoppen. Bei der Kontroll koum eraus, datt de Chauffer däitlech ze déif an d'Glas gekuckt hat. De Permis gouf agezunn, e provisorescht Fuerverbuet gouf ausgeschwat an eng Plainte gouf gemaach.

Da mellt d'Police nach eng allgemeng Policekontroll am Oste vum Land, dat op der N10 zu Wuermer. 9 Chauffere goufe bestrooft, well si duerch eng Routluucht gefuer sinn. Néng anerer waren um Telefon an an zwee Gefierer haten de Chauffer an ee Bäifuerer kee Sécherheetsgurt un. Un engem Auto gouf et e Problem mat de Luuchten an ee Chauffer hat kee Feierläscher bei sech. Da gouf et nach bei zwee Automobiliste keng valabel Versécherung an engem anere Chauffer seng Steiervignette war ofgelaf.

Schonn e Mëttwoch den Owend gouf et eng gréisser Verkéierskontroll op der A6 a Richtung Belsch op der Héicht vum Chantier bei Stroossen. Op dëser Plaz ass 70 erlaabt, 13 Automobiliste waren awer an der Zäit vun der Kontroll méi séier. Ee Chauffer gouf mat 113 gepëtzt an de Parquet gouf informéiert. 8 Chaufferen hunn 2 Punkte verluer an 145 Euro bezuelt, dräi Persounen hu missten 49 Euro op den Dësch leeën. Een Automobilist hat kee Permis an och d'Pabeiere vu sengem Auto net bei sech. Well dës awer existéieren, huet de Mann just 24 Euro misste bezuelen. Bei engem Auto goung eng Luucht net an een Auto hat sech net un déi obligatoresch Richtung gehalen.

Da gouf bei dëser Kontroll e Gefier ugehalen, bei där eng Persoun am Auto war, déi illegal am Grand-Duché war an dowéinst och vun der Police gesicht gouf. Den Ausseministère gouf informéiert.

Back to Top
CIM LOGO