Uechter d'LandPolice mellt eng Partie Abréch

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Sonndeg op de Méindeg haten d'Beamte vun der Police nawell vill ze dinn.
© RTL-Archiv

Kuerz viru Mëtternuecht Auer ass zu Schengen an en Eefamilljenhaus agebrach ginn.

Ëm 18.35 an 18.45 Auer koum et e Sonndeg an der Rue de la Semois zu Hollerech zu engem versichten Abroch. Den Onéierleche gouf dobäi erwëscht, konnt sech awer duerch d'Bascht maachen. Heibäi soll et sech ëm e jonken, mëttelgroussen, schmuelen Nordafrikaner handelen, deen eng blo Jeans, e schwaarze Gilet, e bronge Pullover an eng schwaarz Kap unhat.

Och um Boulevard Prince Henri zu Esch/Uelzecht gouf an der Nuecht op e Méindeg an 2 Lokaler agebrach.

Weider Abréch goufen der Police zu Bouneweg an der Rue de Chicago an enger Crèche, an der Rue Charles Darwin zu Gaasperech a Baucontaineren, an der Lëtzebuerger Strooss zu Diddeleng, an der Rue du Kiem am Neiduerf, wéi och an der Rue de Bitburg zu Hamm gemellt. Ënnert anerem goufe Baumaterial, Aarbechtsmaschinnen a privat Géigestänn vun Aarbechter matgoe gelooss.

Back to Top
CIM LOGO