
Géint 4 Auer an der Nuecht krut eng Persoun an der Route de Thionville zu Hesper e Gefier ze paken, dat um Stroosserand stationéiert war. Dëst gouf duerch den Opprall ewechgeschleidert. Béid Ween goufe staark beschiedegt, blesséiert gouf awer keen. Bei engem drëtten Auto ass e liichte materielle Schued entstanen.
Zu Ettelbréck an der Rue de la Synagogue koum et no Mëtternuecht zu engem Accident mat 2 Gefierer. Eng Automobilistin hat beim Aparken en aneren Auto iwwersinn. Hei koum keng Persoun zu Schued. Den erlaabten Héchstwäert un Alkohol gouf bal ëm dat Dräifacht iwwerschratt.
Eng weider Kéier hat et zu Garnech an der Rue de 3 Cantons gerabbelt, nodeems eng Automobilistin mat hirem Auto op d'Géigebunn geroden ass. Si gouf liicht verwonnt a koum fir eng Kontroll an d'Spidol. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall. Si war hire Permis op der Plaz lass, krut e Protokoll an Héicht vun 145 Euro an huet 2 Punkte verluer. Béid Autoen hu missen ofgeschleeft ginn.
Wéi d'Police schreift, kruten d'alkoholiséiert Chaufferen zu Hesper, Ettelbréck a Garnech hire Permis ofgeholl. E provisorescht Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Och zu Diddeleng, Leideleng, Esch an an der Stad hu sech e puer Persounen alkoholiséiert hannert d'Steier gesat. Si hunn hire Fürerschäi missen ofginn.