Automobilist a Cyclist uneneegerodenPolice gëtt Prezisiounen zum Virfall vun e Samschdeg zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger Ausernanersetzung tëscht engem Automobilist an engem e Cyclist konnten d'Faiten net eendeiteg gekläert ginn.
© Police / Brücker Andy

Wéi d'Police en Dënschdeg präziséiert, hat et fir d'éischt geheescht, dass de Chauffer de Cyclist op d'Busspuer gedrängt hätt. Dëst konnt awer net ouni Zweiwel ermëttelt ginn.

Well den Virfall deemno net richteg gedeit ka ginn a béid Parteie sech op der Plaz net eens gi sinn, gouf protokolléiert.

Sämtlech Zeie solle sech um Policebüro Dikrech/Veianen mellen um (+352) 244-80-1000.

RTL NEWS: Autofuerer a Cyclist geroden zu Ettelbréck uneneen

Back to Top
CIM LOGO