Päischtméindeg um PërmesknuppOch no Joerhonnerten zitt d'Traditioun nach vill Gleeweger un

Céline Eischen
Um Punkt 10 Auer sinn d'Pilgerinnen a Pilger um Përmesknupp ukomm: Vu Kauneref aus ass et ronn eng Stonn bis erop bei d'Kapell gaangen.
Päischtméindeg um Përmesknupp: Och no 400 Joer kommen nach vill Gleeweger
Um Punkt 10 Auer sinn d'Pilgerinnen a Pilger um Përmesknupp ukomm: Vu Kauneref aus ass et ronn eng Stonn bis erop bei d'Kapell gaangen.

Geduecht gëtt dem Hellege Pirmin: Säi Gebuertsjoer gëtt op 670 geschat an den Hellege Pirmin war op senge Wanderungen och bei Kauneref ënnerwee. Op senger Rees soll hie Problemer mat den Ae kritt hunn. Eenheemescher hunn him du geroden, sech mam Waasser vun den zwou Quellen an der Kleisgen ze wäschen. Duerno wier seng Ae-Kränkt geheelt gewiescht.

Zanterhier gëtt dem Waasser aus der Quell eng heelend Wierkung nogesot: Leit mat Krankheeten oder och Suerge sollen esou geheelt ginn, oder hir Bestëmmung fannen. No der Mass uewen op der Kapell goung et fir d'Pilger erof bei d'Seenung vun de Quellen.

Viru 400 Joer gouf déi éischte Kéier vu Pilger um Përmesknupp geschwat, bis haut zitt dës Traditioun vill Gleeweger un.

D'Përmesfrënn wëllen awer nach ee Schratt méi wäit goen: D'Pilgeren um Päischtméindeg um Përmesknupp soll als immateriellt Kulturierwen unerkannt ginn, d'Marianne Thilmany, Presidentin vun de Përmesfrënn:

"Ech mengen, fir datt dat net ganz ënnergeet, musse mer vläicht eppes maachen, fir ze soen hei, dat ass eis wichteg. Well et ass net nëmmen an der Relioun wichteg, mee et ass och einfach, et ass eis DNA, et ass eis Kultur, déi mer hei liewen an déi mer iwwer Joerhonnerte gelieft hunn. Déi éischt Ernimmung, schrëftlech Ernimmung hei vun dëser Plaz ass vun 1195."

Eng Joerhonnerten-al Traditioun, déi wuel och an Zukunft nach um Päischtméindeg déi Gleeweg op de Përmesknupp wäert zeien.

Back to Top
CIM LOGO