Brutalen Déja-VuPersoun op selwechter Plaz vu selwechtem Täter 2 Mol iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
Kee Gléck: E Mann gouf an der Stad vun enger Persoun beklaut. Kuerz dorop hu sech béid op der selwechter Plaz erëmbegéint.

E Sonndeg den Owend koum et géint 18:20 Auer zu engem Accident um CR308 an der Géigend vu Buerschent. De Motorradsfuerer gouf dobäi awer just liicht blesséiert. Op der Plaz selwer hunn dunn d'Beamte vun der Police festgestallt, dass de Chauffer ënner Alkoholafloss stoung. Hie misst fir e weideren Alkoholtest an d'Spidol a gouf protokolléiert.

An der Nuecht vu Sonndeg op Méindeg ass e Mann géint 00:15 Auer zu Esch Uelzecht tëscht der Avenue de la Gare an der Rue Nothomb iwwerfall ginn. 4 onbekannt Männer hunn d'Affer op de Buedem gedréckt an him dobäi de Porte-Monnie geklaut. D'Persoun gouf liicht blesséiert. Nom Iwwerfall sinn d'Ugräifer a Richtung Rue de la Libération fortgelaf.

De selwechten Owend koum et zu engem weideren Iwwerfall an der Stad. Géint 00:20 Auer krut e Mann an der Scheffer-Allee virun engem Lokal vun engem Onbekannte säin Handy geklaut. Nodeems déi betraffene Persoun versicht huet, de presuméierten Déif an der Rue Jean l'Aveugle zur Ried ze stellen, huet sech den Onéierleche mat der geklauter Wuer duerch d'Bascht gemaach. Virum Lokal, wou de Mann säin Handy geklaut krut, hu sech béid Männer op en Neits gesinn. Den Déif war dës Kéier awer net eleng, mä zwee weider Männer hu gehollef, op d'Affer anzeschloen. D'Affer huet eng Plainte gemaach.

Och an der Rue de Strasbourg op der Gare huet e Mann probéiert, eng Persoun ze iwwerfalen. D'Affer krut seng Kette vun engem Onbekannte vum Hals gerappt. Nodeems de Mann den Déif ze pake krut, huet deen e klengt Messer aus der Täsch geholl an de Mann opgefuerdert, lasszeloossen. Bei der Ausernanersetzung ass d'Ketten op de Buedem gefall. Och wann den Onéierleche a Richtung Avenue de la Gare gelaf ass an net méi konnt ageholl ginn, hat de Mann seng Ketten zum Schluss wéinstens erëm. Och hei ass eng Plainte agereecht ginn.

Back to Top
CIM LOGO