
Zu Nidderkuer gouf et eng Kollisioun tëscht engem Auto an enger elektrescher Trottinette. Eng Persoun gouf liicht verwonnt a koum an d'Spidol. D'Automobilisten hat e Mëttwoch am fréien Owend net gesinn, datt de Chauffeur vun där Trottinette an der Mëtt vun der Strooss aner Gefierer iwwerholl huet a krut hien ze paken.
En Donneschdeg dann ass ee Cyclist am Nomëtteg op der Escher Strooss zu Gaasperech ugestouss ginn. D'Persoun um Drotiesel gouf verwonnt.
An der rue du Gold vum Sennengerbierg war eng Persoun ënner Alkoholafloss ënnerwee an huet d'éischt ee Blummebac an duerno ee Gefier um Bord vun der Strooss ze pake kritt. De Mann krut op der Plaz de Permis ofgeholl a gouf fatzeg protokolléiert.