
E Freideg den Owend gouf et géint Hallefnuecht an der Stad en Iwwerfall. E jonke Mann gouf vun zwou anere Persounen an e Gespréich verwéckelt. Ee Mann huet d'Affer an den Aarm geholl a bei deem Manöver gouf d'Halskette geklaut.
D'Police konnt déi presuméiert Täter méi spéit an der Avenue Pescatore pëtzen.
Et handelt sech ëm Mannerjäreger. Si goufen op Dräibuer an d'Sécherheetsunitéit Unisec bruecht.