EschPersoun gouf an eegener Wunneng festgehalen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg gouf zu Esch eng Persoun an hirer eegener Wunneng festgehalen, dat nodeems d'Affer beklaut gouf.

E Freideg de Moie war et dem Affer gelongen, sech ze befreien an d'Police ze ruffen. D'Beamten hunn doropshin och de presuméierten Täter konnten ermëttelen.

Dësen ass op Uerder vum Parquet festgeholl ginn a koum virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO