
Geschitt ass dëst tëscht 16.00 an 16.45 Auer, nodeems d'Affer vun enger jonker Persoun ugeschwat gouf a no Droge gefrot ginn ass. Wéi de Mann dem spéideren Täter gesot huet, net am Besëtz vun Drogen ze sinn, ass dëse kuerz fort gaangen.
Ma net laang huet et gedauert an de Mann gouf dunn vun der selwechter Persoun, déi zwee weider Männer bei sech hat, opgefuerdert, seng Wäertgéigestänn ofzeginn. Wéi d'Affer dat refuséiert huet, krut dëst Schléi an d'Gesiicht an op den Uewerkierper. Wärenddeem goufen him direkt e puer Saachen ofgeholl.
Wéi d'Police an engem neie Communiqué präziséiert, ass déi menacéiert Persoun net just vun engem Mann, mee vun dräi Stéck ugegraff ginn. Zwou aner Persounen, e jonke Mann an eng jonk Fra, ware beim Iwwerfall dobäi, ouni sech un der kierperlecher Ausernanersetzung bedeelegt ze hunn.
Ee vun de presuméierten Täter ass vun nordafrikanescher Ofstamung, 1,70m grouss an hat e wäissen T-Shirt an en hellbloe Gilet un.
Ee vu senge Komplizen huet afrikanesch Originnen, ass 1,90m grouss, huet kuerz schwaarz Hoer an huet eng donkelblo Joggingsbox mat orangë Sträifen op der Säit an en hellbloen Tricot vu Manchester City vum "Sterling" ugehat.
Donkel ugedoen war den drëtte verdächtegte Mann, och vun afrikanescher Ofstamung. Opfälleg ware seng kuerz Dreadlocks.
Déi dräi Täter waren ëm 19 Joer al.
Falls engem eppes Verdächteges opgefall ass, soll ee sech bei der Police Lëtzebuerg oder dem 113 mellen.