Garer Quartier an der StadPersoun gëtt no Schoss aus Pistoul blesséiert, nom Täter gëtt gesicht

RTL Lëtzebuerg
Den Täter konnt bis ewell nach net ermëttelt ginn, d'Police judiciarie ermëttelt.
© RTL Archiv

An der Nuecht op e Sonndeg gouf um kuerz virun 3 Auer e Schoss virun engem Etablissement am Quartier vun der Stater Gare gemellt.

Am Laf vun der Nuecht gouf dann och eng Persoun blesséiert opfonnt a koum an d'Spidol. E puer Patrulle ware beim Asaz bedeelegt an et gouf nom Täter gesicht.

De Parquet gouf informéiert an d'Police judiciaire gouf mam Fall elo befaasst.

Back to Top
CIM LOGO