Mamer an EschPermise fort wéinst Alkohol um Steier

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moien um 4 Auer koum et zu Mamer zu engem Accident an der Rue de la Libération.
© RTL Archiv

Hei war e Gefier vun der Strooss ofkomm an ass an e geparkten Auto gerannt. Wéi sech séier erausgestallt hat, stoung de Chauffeur ënnert staarkem Alkoholafloss, den Test war dono och positiv ausgefall. De Permis gouf agezunn an et gouf e Protokoll erstallt. Beim Accident gouf keng Persoun blesséiert.

Géint 2.40 Auer dann e Samschdeg de Moie gouf zu Esch e Gefier gemellt, dat Schlaangelinne fuere géif. De Chauffeur gouf ugehalen an och hei gouf de Verdacht op Alkohol um Steier confirméiert, den Test war positiv. De Permis war de Chauffeur lass, de Virfall gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO