4 nei PetitiounenPelzfräi, Fëmme viru Gebaier, Auslänner-Walrecht fir EU-Memberen a Referendum

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Freideg de Moie si 4 nei Petitiounen um Site vun der Chamber fir z'ënnerschreiwen.
© RTL Archiv

Lëtzebuerg soll pelzfräi ginn, et soll een op echte Pelz verzichten. Speziell u Kaputze wär dacks Pelz vu Kazen oder Hënn, déi géifen dee lieweg ofgezu kréien.

Eng aner Petitioun wëll d'Fëmme viru Gebaier a bei Bus- an Tramsarrête verbidden. 20 Meter ronderëm soll net méi dierfe gefëmmt ginn, fir datt een als Net-Fëmmert kéint ouni Damp op d'Aarbecht goen oder an e Shoppingzenter.

Weider gëtt en Auslänner-Walrecht fir EU-Membere gefrot an e Referendum iwwer eng nei Verfassung soll gemaach ginn.

Bis den 12. Mäerz kann een dës nei Petitiounen ënnerschreiwen.

Kommen op d’mannst 4'500 Ënnerschrëften zesummen, muss d'Petitioun ëffentlech an der Plenière debattéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO