Kritik un EU-StrategiePaulette Lenert reagéiert op Kontrovers ëm Commandë vu Covid-Vaccinen

Annick Goerens
Fir d'Paulette Lenert ass d'EU-Strategie a puncto Corona-Impfstoff, fir net just op ee Päerd ze setzen, gutt.
Lenert reagéiert op Kontrovers ëm Commandë vu Corona-Vaccin
Fir d'Paulette Lenert ass d'EU-Strategie a puncto Corona-Impfstoff, fir net just op ee Päerd ze setzen, gutt.

Datt d'EU bei der Commande vun de Vaccinen noléisseg gewiescht wier, dat wier an enger ugespaanter Situatioun einfach ze soen, besonnesch wann een et duerno besser weess. Dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Si war en Dënschdeg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Dobäi huet sech besonnesch a puncto Vaccinen erausgeschielt, dass villes nach guer net esou kloer wier.

Kontrovers ëm Commande vu Vaccin / Rep. Annick Goerens

Et hätt een a Rekordzäit Impfstoffer developpéiert an d'Approche, fir net alles op ee Päerd ze setzen, wier gutt. Et dierft een och net vergiessen, dass dat vill zitéiert Paradebeispill vun Israel, déi bannent zwou Wochen iwwer 1 Millioun Leit geimpft hunn a bis Mäerz hir ganz Populatioun vun iwwer 9 Millioune Leit wëllen immuniséiert hunn – net an der EU géing leien.

„Mir hu bis elo eréischt een Impfstoff, deen zougelooss ass, um europäesche Marché. Dat dierf een net vergiessen. Ganz oft gëtt vun Israel geschwat, vun anere Länner, mee dat si keng Länner aus der europäescher Unioun. Bei eis kann een net e Vaccin an den Asaz bréngen, deen net iwwer déi europäesch Medikamentenagence zougelooss ass.“

Dobäi bleift awer ze präziséieren, dass Israel bis ewell exklusiv mam Biontech-Impfstoff geimpft huet. Dat ass bis ewell jo och den Eenzegen, deen an der EU zougelooss ass. Am Januar sollen awer elo och éischt Liwwerunge vum Moderna-Vaccin kommen, dee soll an der EU de 6. Januar autoriséiert ginn, präziséiert d'Ministesch.
Däitschland hätt iwwerdeems, och nieft dem Vertrag mat der EU, Vaccine bei Biontech bestallt. Firwat huet Lëtzebuerg dat net gemaach?

Paulette Lenert: „Da kënnt derbäi, dass mer sécherlech, an och grad fir Lëtzebuerg, méi staark sinn, wa mer net am Alleingang verhandele ginn, mee als EU.

Pit Everling: „War dat ni eng Optioun? Och an der Regierung gouf ni diskutéiert, fir op eege Fauscht ze bestellen?“

Paulette Lenert: „Nee souwisou mir si kontraktlech gehalen, all Länner sinn gehalen, do wou d'Kommissioun verhandelt, konnte mir net parallel verhandelen. Dat huet och kee gemaach. An Däitschland ass och e speziellt Beispill. Et ass jo eng däitsch Firma zum Deel. A si hunn déi ënnerstëtzt duerch Fuerschungsgelder iwwer aner Weeër. Mee dat ass net eng parallel Verhandlung gewiescht zu der Kommissioun. Dat huet u sech eises Wëssens elo, mat deene Produzente wou d'Kommissioun Verträg mat hinnen hat, huet keen anert Land dat gemaach.“

Eisen Informatiounen no, gouf awer wuel am Regierungsrot driwwer debattéiert, fir op eege Fauscht u Vaccinen ze kommen, mee dës Propos wier um Enn net zréckbehale ginn.

BionTech ass eng Mainzer Entreprise a gouf vun der Bundesregierung mat 375 Milliounen Euro subventionéiert.

Wéi dat däitscht Ärzteblatt och schonn den 21. Dezember geschriwwen huet, hätt sech Däitschland nieft dem Kontingent, dee si iwwer d'EU bestallt hunn, nach weider 30 Milliounen Dose vun dem Vaccin geséchert.

Et bleiwen awer eng Rei oppe Froen.

Firwat hunn d'USA schonn am Juli 600 Milliounen Dose vu Biontech bestallt an d'EU eréischt am November 300 Milliounen a firwat wollt d'EU net déi zousätzlech Offer vu Biontech unhuelen, fir weider 500 Milliounen Dosissen ze kréien?

Bis Enn Mäerz sollen zu Lëtzebuerg 36.000 Leit mam Produit vu Biontech/Pfizer kënne geimpft ginn, sou d'Santésministesch en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview.

Deemnächst kéinte Moderna an AstraZeneca eng Zouloossung kréien.

Beim amerikanesche Produzent Moderna huet de Grand-Duché Dose fir 50.000 Leit bestallt, beim britteschen Acteur AstraZeneca gouf Impfstoff fir 200.000 Mënsche bestallt. Déi aktuell Phas mam Fokus op d'Santés-Personal an op d'Alters- a Fleegeheemer wäert 2-3 Méint daueren. Wéi déi nächst Phasen a wéi och d'Kategorië genee wäerten ausgesinn, do géing nach eng definitiv Strategie zesumme mam nationalen Ethikrot ausgeschafft ginn.

Back to Top
CIM LOGO