Parlamentaresch FroPaulette Lenert iwwer Waardezäite bei den Impfstatiounen an de Choix vum Booster

RTL Lëtzebuerg
De Gesondheetsministère ass am Gaangen, no Léisungen ze sichen, fir laang Waardezäite bei den Impfstatiounen ze evitéieren.
© AFP

Dat sot d'Paulette Lenert den Dënschdeg de Mëtten an der Chamber. D'Santésministesch huet op eng dréngend parlamentaresch Fro vun der CSV geäntwert.

Wat de Choix vum Booster-Vaccin ugeet, hätt de Conseil supérieur fir déi ustiechend Krankheete virginn, datt en mRNA-Impfstoff soll geholl ginn. Et géing een dobäi virun allem op de Produit vu Moderna zréckgräifen, well d'Resultater hei am Beschte wieren.

Mat engem Stock vun 10.000 Dosissen Johnson&Johnson a 50.000 allkéiers vu Moderna a Biontech wier ee kuerzfristeg gutt opgestallt, esou d'Ministesch.

Back to Top
CIM LOGO