Invité vun der Redaktioun (12. Januar) - Paul SchroederNo Crans-Montana muss däitlech méi sensibiliséiert ginn

Annick Goerens
E Méindeg de Moie waren d'Aarbecht vum CGDIS a Brandschutz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Paul Schroeder
E Méindeg de Moie sinn d’Aarbecht vum CGDIS a Brandschutz Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Zanter der Grënnung vum CGDIS ginn d’Asätz permanent erop. Zejoert waren et der 75.700. Eng Hausse vu gutt 5 Prozent par Rapport zu 2024. De Gros si Sortië vun der Ambulanz, respektiv dem SAMU. D’Hausse kéim och virop aus deem Beräich. Bei den aneren Asätz wéi Bränn, technesch Interventiounen an Autosaccidenter wier d’Hausse éischter marginal. Dat sot de Paul Schroeder um Méindeg de Moien. De Generaldirekter vum CGDIS war eisen Invité vun der Redaktioun.

D’lescht Joer hätt een eng Rei Groussbränn gehat, notamment an enger Industrieanlag zu Colmer-Bierg, verschidde Bauerenhäff an zweemol, wou een direkt e puer Groussbränn zesummen hat, dat awer op verschiddene Plazen am Land. Dat wier natierlech ëmmer eng Erausfuerderung fir d’Ekippen. Och bei spezielle Wiedersituatiounen (vill Reen, Stuerm) hätt een däitlech méi Asätz, mee do wiere mer d’lescht Joer och nach verschount bliwwen, fënnt den Invité.

Op Chrëschtdag wier et méi roueg gewiescht, genee wéi op Silvester mat just engem Blesséierte wéinst Freedefeier. Dat kéint natierlech doru leien, dass d’Freedefeier op ville Plaze verbueden ass.

Véier Ursaache fir esou Katastrophe wéi zu Crans-Montana

Tragedien, wéi déi um Silvester-Owend zu Crans-Montana géing ee leider reegelméisseg uechter d’Welt gesinn an déi wieren duerno och Bestanddeel vun der Pompjee-Ausbildung. Do géing ee léieren, dass et fir esou Katastrophe meeschtens véier Ursaache gëtt. Éischtens, den Asaz vu Pyrotechnik. Zweetens, d’Benotze vu liicht brennbarem Material oder Isolatiounsmaterial, meeschtens wier et akustescht Isolatiounsmaterial. Dat wier meeschtens verbonne mat iwwerfëllte Raimlechkeeten. An dann déi lescht Ursaach: net genuch oder verbarrikadéiert Noutausgäng.

De Paul Schroeder nennt eng Rei Bränn aus der Vergaangenheet, notamment 1970 Saint-Laurent-du-Pont [wou 170 Leit bei engem Feier an enger Disko ëm d’Liewe komm sinn], 2003 d’Feier am Station nightclub [bei engem Feier sinn 100 Leit ëm d’Liewe komm] an dann e Feier an enger Disko an Nordmazedonien, wou 63 Leit ëm d’Liewe komm sinn.

Bei all dëse Beispiller wier den Oflaf den nämmlechten. Do wiere Kontrollen déi eng Saach, mee d’Sensibiliséierung an eng kollektiv Prise de conscience déi aner. Och d’Bedreiwer an d’Personal vu Restauranten, Baren, Diskoen a Veräiner, déi e Fest organiséieren, wieren an der Responsabilitéit.

Méi Sensibiliséieren: Crans-Montana ass keen neit Phänomen

Et ass keen neit Phänomen an eigentlech misst jiddereen et wëssen. Et wier absolutt kee Virworf u keen, preziséiert de Paul Schroeder. Mee grad bei Jonke misst een och eppes maachen, fir dass een dat kann aschätzen. Beim Station Nightclub Feier 2003 an den USA, hat eng Persoun déi éischt 13 Minutte vum Feier gefilmt. Et wier e Rockconcert gewiescht mat Asaz vu Pyrotechnik. Bannent 2,5 Minutten wier dat ganzt Gebai voller Damp gewiescht an d’Leit wieren net méi erauskomm. Di meescht wiere sech dees net bewosst. Si géinge mengen, si hätten nach méi Zäit fir erauszekommen.

Reform vum Samu

Eng Fro, déi d’lescht Joer fir vill Opreegung gesuergt huet war, firwat just Anästhesisten um Samu dierfe matfueren an net och Urgentisten, déi och dofir ausgebilt sinn. Beim CGDIS läit dofir e Projet um Dësch, fir de Samu ze reforméieren. Do hätt een déi verschidden Instanze gefrot, fir hiren Avis ze ginn. Déi hätt ee mëttlerweil all kritt an et wier een ëmgaangen déi intern ze analyséieren. D’nächst Woch wier d’Sëtzung vum Verwaltungsrot, do géing een d’Avise virstellen. Et wieren eng ganz Rei interessant Remarken a Proposen dran, op déi de Generaldirekter awer elo nach net wollt agoen.

Fir 2026 stéing virun allem d’Resilienz am Vierdergrond. D’Regierung hätt jo hir national Resilienzstrategie virgestallt. Donieft wier de Rekrutement och ëmmer e wichtegt Thema. Do wier een dobäi, de Statutt vun de Fräiwëllegen z’iwwerschaffen, ma och bei den Haaptberufflechen, wou een am Mäerz eng nei Rekrutementscampagne wäert lancéieren, erkläert de Paul Schroeder.

Invité vun der Redaktioun: Paul Schroeder

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO