CPTEPatronat gesäit Deelzäitaarbecht méi kritesch

RTL Lëtzebuerg
Nom Clash am September, wou d‘Patronat de Verhandlungsdësch vum CPTE jo verlooss hat, schéngt et, wéi wann d‘Fronte sech entschärft hätten.
Patronat gesäit Deelzäitaarbecht méi kritesch
Nom Clash am September, wou d‘Patronat de Verhandlungsdësch vum CPTE jo verlooss hat, schéngt et, wéi wann d‘Fronte sech entschärft hätten.

Nom 2. Dezember koumen d‘Sozialpartner fir d'Zweet am Kader vum CPTE zesummen. Op der Dagesuerdnung stoung d‘Deelzäitaarbecht. De Regierungsprogramm gesäit vir, dass jidderee soll d‘Recht kréien, Deelzäit ze schaffen. Wéi dat soll machbar sinn, doriwwer gouf am CPTE diskutéiert.

D‘Ambiance tëscht de Sozialpartner wär nawell dekontraktéiert gewiescht, esou den Aarbechtsminister Dan Kersch. Deen, wéi d'leschte Kéier schonn, als Eenzegen d'Wuert virum Mikro ergraff huet. D‘Patronat géif Deelzäitaarbecht allerdéngs méi kritesch gesinn, well vun hirer Säit aus schwéier ëmzesetzen. Den Aarbechtsminister an d‘Familljeministesch sollen elo opgrond vun de Gespréicher um Freideg, fir den nächste CPTE eng Note mat hirer Positioun an hire Propose virbereeden.

Back to Top
CIM LOGO