D’Léierpersonal schléit nees Alarm. D’Situatioun an eise Grondschoule wier definitiv net gutt. D’Enseignanten, déi hire Beruff u sech richteg gäre maachen, stoussen un hir Limitten. Hir Missioun fir all Kand gerecht ze ginn, wier net méi ze erfëllen, sot de Patrick Remakel e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. Hien ass de President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE, déi zur CGFP gehéiert. D’Leit um Terrain hätten d’Gefill, datt nach ëmmer net wierklech op se gelauschtert gëtt an d’Situatioun géif sech weider zouspëtzen. Dofir huet een och déi nei Aktioun #NETesou lancéiert.
Et géif grav Problemer ginn, virop mat verhalensopfällege Schüler. Fréier hätt et där mol ee bis zwee pro Schoul ginn, mëttlerweil wär et op d’mannst ee pro Klass. Den Asaz vun der Police oder Ambulanze wier leider keng Seelenheet méi.
D’Reegelschoul wier fir déi Kanner einfach net méi déi richteg Plaz, seet de Syndikatspresident. Et wéilt ee keen ausschléissen, mä et géif drëms goen, deene Concernéierten déi Hëllef ze ginn, déi si brauchen an dat géife si net an der normaler Schoul kréien. Dës Kanner misste fir eng gewëssen Zäit aus der normaler Schoul erausgeholl ginn.
De Ministère huet fir d’Inclusioun méiglech ze maachen, d’Personal opgestockt, mä dat géif och net ëmmer richteg agesat ginn, beklot sech de Patrick Remakel. Dat Personal misst méi geziilt fir d’Kanner do sinn. Déi ganz Gesellschaft wär awer och gefuerdert, fir de Kanner nees ze weisen a virzeliewen, wat Respekt wier.
En anere Sujet war d’Alphabetiséierung op Franséisch. Den SNE ass net prinzipiell dogéint, mä de Moment wär net de richtegen. Et hätt misse gewaart ginn, bis déi éischt Kanner aus de Pilotprojeten an de Lycée kommen, also nach 2 bis 3 Joer, sou nach de Patrick Remakel. Bis dohinner hätt een d’Alphabetiséierung op Franséisch a weidere vereenzelte Schoule kënnen testen, fir weider Erfarungen ze sammelen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.