Park Gerlach zu DéifferdengPassant gëtt vu jonkem Mann geschloen, Police op der Plaz

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend géint 21.15 Auer koum et am Park Gerlach zu Déifferdeng zu engem verbale Sträit tëscht engem Passant an enger Grupp Jugendlecher.

De Mann ass vun engem vun de Jugendleche geschloe ginn an ass op de Buedem gefall. Wéi d'Affer d'Police wollt uruffen, huet den Täter him den Handy ewechgeholl. E weidere Passant huet dunn awer d'Police alarméiert.

Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, war den Täter nach eemol zeréckkomm a wollt d'Affer op en Neits schloen. Bei der Kontroll huet ee festgestallt, datt en, nieft dem Handy vum Affer, e Cutter an e Kichemesser bei sech hat. D'Männer goufe mat op de Police-Büro geholl an eng Plainte gouf deposéiert.

Back to Top
CIM LOGO