Sanitär Kontrollen um FindelPassagéier sollen op d'mannst 2 Stonne virum Vol do sinn

RTL Lëtzebuerg
Fir datt et net zu laange Waardeschlaange kënnt, gouf de Staff um Fluchhafen opgestockt.

Natierlech impaktéiert d'Pandemie och nach ëmmer d'Reesverhale vun de Leit. Sou goufen am Juni um Findel nëmmen en Drëttel vun de Passagéier gezielt wéi nach 2019. Am Juli an August dëst Joer ginn d'Responsabel vu LuxAirport dervun aus, datt nëmmen d'Hallschent vun de Clientë gezielt ginn, wéi nach an de Vakanzeméint virun 2 Joer um Findel. Déi meeschte Leit gi sech do op de Weekender erwaart.

Fir déi néideg sanitär Kontrollen duerchzeféieren, gouf och de Staff um Findel op alle Niveauen opgestockt, fir datt et net ze onnéideg laange Schlaange kënnt. Fir all Kontrollen effikass a sou séier wéi méiglech duerchzeféieren, freet LuxAirport och all Passagéier, fir minimum zwou Stonne virum Depart vum Vol um Findel ze sinn.

Dës Informatioune liwwert de Mobilitéitsminister François Bausch op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Serge Wilmes.

PDF: Äntwert vum François Bausch op parl. Fro vum Serge Wilmes

Back to Top
CIM LOGO