
Et gouf him virgehäit, sech als Fra ausginn ze hunn, fir u Fotoe vu Fraen ze kommen, déi dorop net vill oder näischt un haten. De Mann soll och versicht hunn, een Affer domat z'erpressen. De Beschëllegten hat virun de Riichter keng Erklärung heifir.
Um Ufank vun der Sëtzung hat den Ugeklote betount, eigentlech alles gesot ze hunn; op d'Fro hi vun der Presidentin vum Geriicht, ob hie bei senge fréieren Aussoe bléif, war d'Äntwert Jo. Hie géif och kee mat deem Numm kennen, deen als Pseudonym gebraucht gouf.
Den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire sot, dee Fraennumm wär fir d'éischt am Mee 2016 opgedaucht, an enger Affär, an där e Meedche vun dunn 13 Joer am Viséier war. Am Februar 2017 du wär eng Fra bei d'Police gaangen, fir Plainte ze maache géint d'Persoun mam Pseudonym; si hat vun der Erpressung geschwat, dass intim Fotoe vun hir sollte verschéckt ginn. Vu Juni bis November 2016 hätt si sech mat där presuméierter Fra ausgetosch; et hätt ee sech Fotoe geschéckt, déi aner «Fra» hätt méi gewollt, ma si blockéiert, wouropshin et zu där versichtener Erpressung komm wär. Well een zu där anerer Fra näischt fonnt hätt, hätt vill op e Fake-Account higedeit, sou de Polizist. Nodeems Facebook kontaktéiert gouf an et zu enger Perquisitioun bei der Post koum, wär een op eng IP-Adress am Éislek gefall; d'Fra, déi do gewunnt huet, hätt op hire Partner verwisen. Dee wär am Juni 2017 gehéiert ginn, hätt awer gesot, hie wär dat net. Obwuel et Indicen dofir ginn hätt, dass de Mann responsabel wär, wär hien am Oktober 2017 an am Abrëll 2018 bei senger Ausso bliwwen, dass hien et net war.
Iwwerdeems de Me Baulisch, Affekot vum Beschëllegten, fonnt huet, dass et zwar Indicen am Dossier géif ginn, déi awer net duergoe géifen, war d'Vertriederin vum Parquet der Meenung, et wäre séier wuel genuch Beweiser géint de Mann do. Dofir sollten eng Prisongsstrof vun engem Joer, mat méiglechem Sursis, an eng ugemoosse Geldstrof gesprach ginn.
D'Urteel ass fir de 4. Mäerz.