Dobäi kënnt déi demografesch Entwécklung oder nach de Wirtschaftswuesstem.
All déi Elementer hunn den DP-Deputéierte Gusty Graas op de Plang geruff, dee vun der Ëmweltministesch wollt wëssen, wéi et ëm d'Quelle mat Drénkwaasser heiheem steet, ob déi all benotzt ginn, wéi et ëm d'Qualitéit vum Drénkwaasser steet, ob nach no neien, weidere Quelle ka gebuert ginn, respektiv ob ee Waasser aus Quelle vu schlechter Qualitéit anerwäerteg kann nëtzen.
D'Carole Dieschbourg präziséiert an hirer Äntwert op dës parlamentaresch Fro, dass ee bei Bueren no Quellen oder beim Faasse vu Quellen net alles iwwert ee Leescht kann zéien. Et muss een den Ënnerscheed maachen, ob dat Waasser fir een ëffentleche Reseau oder fir privat Zwecker gemënzt ass. Donieft ass et anescht, wann een d'Waasser fir de Konsum brauch oder fir Béischten, d'Nätzen etc.
Wat dës zweet Kategorie betrëfft, esou ginn et 310 Captagen, also Installatiounen, déi Quelle faassen, an déi maachen dat an engem Volume vu ronn 2,3 Millioune Kubikmeter d'Joer. Dat entsprécht 5% vun all dem Waasser, dat heiheem aus dem Buedem geholl gëtt.
Beim Drénkwaasser sinn et 270 Quellen aus deenen knapp 45 Millioune Kubikmeter, also 45 Millioune Fudder gezaapt ginn. Bei Quellen, déi am Abseits sti wéinst Verknaschtung, geet et ëm Nitrat oder pharmazeutesch Réckstänn mat exoteschen Nimm wéi Dichlorobenzamiden, respektiv Dymethylsulfamiden.
Fir ee weidert Verknaschten ze verhënneren, soll op Preventioun vun Ufank u gesat ginn, well dono agräifen, gëtt ënnert anerem vill ze deier an et gëtt keng Garantie, dass et eppes bewierkt. D'Ëmweltministesch confirméiert dass een no weidere Waasserquelle sicht, dat geet alt bis méi wéi 150 Meter déif.
D'Carole Dieschbourg léisst anengems wëssen, dass hir Verwaltung et net fir opportun hält, fir verknaschte Waasser, dat net fir de Konsum benotzt ka ginn, agesat gëtt fir zum Beispill Installatiounen kal ze halen. D'Quellen an d'Trenne vu propperem a knaschtegem Waasser wieren dofir ze komplex.