Ma no 2020 huet se och dëst Joer covidbedéngt missten ausfalen. Nawell hunn déi Iechternacher och dëst Joer un den hellege Willibrord geduecht, deem seng Reliquien an der Basilika all Joer ugebiet ginn.
Normalerweis gi fréi moies scho géint 5 Auer déi jonk Pilger erwaart, déi et vun iwwerall hier an d'Abteistiedchen zitt. Deen éischte Rendez-vous war dëst Joer eng Mass um 7 Auer, wou maximal 150 Leit zougelooss waren. Näischt am Verglach mat engem normale Joer, wou een dausende vu Leit am wäissen Hiem a mam wäissen Nuesschnappech gesäit.
D'Iechternacher Musek hat sech et awer net huele gelooss a war an Uniform op d'Plaz virun d'Basilika komm, fir den Dag dach nach ze markéieren.