RTL-InformatiounenOuverture vun den Terrasse bleift am Covid-Gesetz

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf och präziséiert, datt d'Clientë sech awer net an engem Register, wéi dat an Däitschland de Fall ass, mussen androen.

E Karfreideg lafe jo déi aktuell Covid-Restriktiounen aus. Dofir muss d'Chamber dat neit Gesetz, dat bis d'Woch no der Ouschtervakanz gëllt, nach dës Woch stëmmen. Deen Timing ass ze halen, wëll de Staatsrot keng formell Oppositiounen zur Virlag formuléiert hat.

Am Text, deen de Sozialminister Schneider fir d'Gesondheetsministesch Lenert d'lescht Woch deponéiert hat, ass jo festgehalen, datt Terrassen ënner strenge Konditioune vum 7. Abrëll un nees kënnen opgoen. RTL-Informatiounen no bleift dësen Artikel aktuell och mol sou am Gesetzesprojet dran, trotz héijen Infektiouns-Chifferen.

Aus dem entspriechenden Artikel gouf awer d'Obligatioun fir d'Restaurateuren oder Cafetieren erausgeholl, fir mussen e Regëster iwwert d'Terrassen-Clienten ze féieren.

E Mëttwoch gëtt d'epidemiologesch Situatioun nach eemol ënnert d'Lupp geholl, mä et dierft awer bei den annoncéierten Dispositioune bleiwen an d'Terrasse kënnen opgoen.

De Vott an der Chamber dierft op Gréngendonnechdeg sinn.

D'Mënscherechtskommissioun freet sech am Avis zum neie Covid-Gesetz, firwat d'Terraassë grad vu 6 Auer Moies bis 6 Auer Owes sollen op sinn. De Grond heivir wier géing net genuch erkläert ginn, esou d'CCDH, déi sech generell gesinn zefridde seet, wa Restriktioune réckgängeg gemaach ginn, wa se net néideg sinn. D'CCDH bleift iwwerdeems bei hirer Kritik um couvre-feu.

Back to Top
CIM LOGO