Dat war och um Samschdegowend zu Iechternach an der Basilika de Fall. Nodeems d'Ouschterkäerz um Parvis ugefaangen an duerno an d'Kierch eragedroe gouf, huet eng ganz festlech Mass ugefaangen. D'Ouschterkäerz steet der Liturgie no als Symbol fir d'Opersteeung vu Jesus Christus.
An dësen Zäiten, wou et op der Welt op villen Ecke Kricher a Leed gëtt, géif Jesus Christus Liicht an Hoffnung bréngen. Egoismus an Haass dierften net d'Iwwerhand behalen. Symbolesch gesi geet et op Ouschteren aus der Däischtert an d'Hellegkeet eran.