European Convention CenterOptimistesch an d‘Zukunft

Frank Goetz
Fanny Kinsch
Schwiereg annerhalleft Joer leien zeréck, mä d'Aktivitéit huet ni ganz opgehalen.
European Convention Center: Optimistesch an d‘Zukunft
Schwiereg annerhalleft Joer leien zeréck, mä d'Aktivitéit huet ni ganz opgehalen.

Den Evenementiel ass wuel ee vun de Secteuren, deen am stäerkste vun der Coronapandemie getraff gouf. Och am Kongresszenter "European Convention Center" hei um Kierchbierg huet ee sech missen ëmstellen, nodeems Geschäftsreese gréisstendeels ausgefall sinn a gréisser Evenementer verbuede goufen. Dat hätt och en zolitten Impakt op den Ëmsaz gehat, deen 2020 ëm 74% agebrach ass, sou den ECCL-Direkter Patrick Hoffnung en Dënschdeg de Moie bei der Presentatioun vum Bilan. Et hätt een awer déi ganzen Zäit kënne weider schaffen.

"Donc malgré la baisse du chiffre d'affaires, qui était quand même considérable pour nous, nous avons réussi à maintenir une activité importante avec, pour l'année 2020 68 événements qui ont pu être maintenu à l'ECCL. En comparaison avec l'année 2019, ce n'est qu'une perte de 22%. Donc comme je le disais, nous avons maintenu notre activité, mais avec des événements différents. C'est-à-dire, des petits événements ou des événements hybrides, ou des événements virtuels."

Extrait Patrick Hoffnung

Dofir gouf ënnert anerem e speziell ekipéierte Studio fir Online-Evenementer opgestallt. Och wa virtuell an hybrid mat engem Deel vu Leit op der Plaz geschafft ginn ass, weisen Etüden, dass e Kongresszenter de physesche Besuch brauch. Wat 2021 lues ugefaangen huet, soll elo progressiv eropgoen, fir an 2 bis 3 Joer erëm gréisser Konferenze mat ville Leit op der Plaz z'empfänken. Mat vill Zouversiicht kuckt de Konferenzzenter um Kierchbierg an d'Zukunft.

Patrick Hoffnung iwwert d'Zukunft
Wat 2021 lues ugefaangen huet, soll elo progressiv eropgoen, fir an 2 bis 3 Joer erëm gréisser Konferenze mat ville Leit op der Platz z'empfänken.

Wichtegen Atout och fir Lëtzebuerg wär, datt de Konferenzzenter net isoléiert ass, mä integréiert an eng Europa-Plaz mat villen Aktivitéiten a kuerze Weeër. A bei der Präis-Leeschtung géif een zu de beschten an Europa gehéieren.

Back to Top
CIM LOGO