9 där sougenannter „Youth Hostels“ ginn et zu Lëtzebuerg, een dovunner ass zu Iechternach. Och wann déi grouss Kloterwand den Ament zou ass, hunn awer e puer Leit an der Vakanz do iwwernuecht. An och hei huet een e schwéiert Joer 2020 hannert sech.
An trotz de ville Rees-Restriktiounen a ganz Europa konnt een elo an der Ouschtervakanz nees méi Clienten empfänken. An déi koume virun allem aus Lëtzebuerg. Elo hofft een, dass déi nächste Méint d'Situatioun erëm e bëssen méi normal gëtt.
