Semaine de la santé de la femmeWärend enger Woch steet d'Gesondheet vun der Fra am Fokus

Roy Grotz
Lisa Weisgerber
Vum 1. bis de 7. Juni ass d’Semaine de la santé de la femme. Et ass déi éischt Editioun, déi vum Gesondheetsministère organiséiert gëtt.
Optakt vun der éischter nationaler Woch vun der Gesondheet vun de Fraen
Am Escher CHEM war e Méindeg den Optakt vun der éischter nationaler "Semaine de la santé de la femme".

Um Programm sti Konferenzen, Workshoppen, Lunch-Talken, an nach aner Aktivitéiten, déi gesondheetlech Problemer thematiséieren, mat deenen d’Fraen ze kämpfen hunn. Am Ganze sinn iwwer 30 Manifestatioune geplangt, déi Sujete vun der éischter Reegel bis zur Menopause opgräifen.

Den Ufank huet den 1. Juni ënnert anerem de CHEM zu Esch gemaach. Hei gouf et ee Stand, deen d’Fraen zum Thema vun der kardiovaskulärer Gesondheet opklären a sensibiliséiere sollen. Dës gouf zesumme mat der Amicale des Patients de l’INCCI orgniséiert. Um Stand konnten d’Fraen de Bluttdrock moosse loossen. Et goufen awer och verschidde Quizzer, déi zu der Opklärung bäidroe sollen. D’kardiovaskuläre Gesondheet wier een Thema, dat zemools bei jonke Fraen dacks ënnerschat géif ginn, esou d’Monique Isebaert, vun der Amicale. Ongeféier 40% vun de jonke Frae géifen nach ëmmer mengen, dass nëmme Männer vu kardiovaskuläre Krankheete betraff wieren. Dëst wier awer net de Fall. 

De Gender Health Gap spillt och nach ëmmer een Thema, wann et em d’Gesondheet vun de Frae geet. Gender Health Gap bedeit, datt Fraen a Männer net ëmmer gläich gutt medezinesch versuergt ginn, well d'Fuerschung an d'Behandlungen dacks op Männer ausgeriicht sinn.

D’Gesondheetsministesch, Martine Deprez erkläert, dass et wichteg wier, Tabue weiderhin ze briechen an dass een sech traue misst ze schwätzen. “Mir sinn net einfach kleng Männer, mir hunn aner Suergen, aner Problemer, eise Kierper reagéiert anescht a mir mussen driwwer schwätzen an dat vu Jonkem un. Ech mengen, haut schwätze mer méi offen iwwert d' Reegel wéi nach viru 50 Joer an haut fänke mer un, iwwert d'Menopause ze schwätzen.”  

Net nëmmen d’Menopause gëtt thematiséiert. D’Endometriose ass och ëmmer méi een Thema. Hei probéiert d’Santé och ee Reseau de competence opzestellen, dee vum Diagnostik bis zu Behandlung geet.

D’Fuerschung misst och gezielt op d’Frae gemaach ginn, esou den Dokter René Metz, Generaldirekter vum CHEM: “D’Verstoe vun de Krankheeten, déi eventuell och um Niveau vun den Odere bei de Fraen sech anescht entwéckelen an och vläicht och an der Zäit anescht ausgesinn. An duerfir komme mer drop hin op d'Fuerschung. An duerfir musse mer geziilte Fuerschung maachen och an der Fraen-vaskulär a Medezin, fir déi Mechanisme kënnen ze ënnerscheeden, fir ze soen, dat do ass spezifesch bei der Fra an dat do ass spezifesch bei dem Mann.”  

De genaue Programm vun der Semaine de la santé de la femme fannt dir hei

Liest hei den entspriechende Communiqué vum Santésministère

Back to Top
CIM LOGO