Zwee Bauprojeten, déi an der Spidolsstrooss zu Dikrech solle realiséiert ginn, suergen fir Gespréicher. D'Oppositioun werft ënnert anerem d'Fro op, ob et en Arrangement tëscht dem Buergermeeschter an dem Promoteur ginn hätt.
Et geet ëm zwee verschidden Bauprojeten: eng Maison relais fir 300 Kanner an eng Residenz fir Seniore mat 37 Appartementer. Déi zwee Terrainen leien niefteneen a befanne sech an enger Zon, déi am PAG als BEP, also als Zone de bâtiments et d'équipements publics klasséiert gouf. Dat bedeit, dass hei Gebaier vun ëffentlechem Notze kënne gebaut ginn.
Am Virfeld vun der Gemengerotssëtzung hunn d’Oppositiounsparteien eng Lëscht mat Froen un de Schäfferot geschéckt an ënnert anerem a Fro gestallt, ob d’Kritäre vum ëffentlechen Notzen bei der Senioreresidenz erfëllt sinn. Hei sollen d'Appartementer nämlech verkaf ginn a net wéi gewéinlech verlount.
Den Dikrecher LSAP Député-Maire Claude Haagen seet dozou:
"Mir hu jo en Avis juridiques gefrot an hei sinn nach emol zwou Etudes d'Avocats, déi dat ficeléiert hunn, wat sämtlech Akten ubelaangt, fir dass de Logement encadré soll respektéiert ginn. Dat ass de Wonsch vum Schäfferot an ech hunn dat och gespuert, vum Gemengerot. Wéi ficeléiere mer dat juristesch, fir dass et net kann contournéiert ginn. An dat schéngt mir evident ze si mat deenen Dokumenter, déi mer actuellement hunn, kënnt dohinner e Logement encadré."
E weidere Kritikpunkt, deen am Froe-Katalog vun der Oppositioun opgeworf gouf, ass, dass béid Bauprojete vun engem an och private Promoteur realiséiert ginn. Den 2. Juli 2018 gouf fir d’Maison Relais eng ëffentlech Ausschreiwung geschalt. Bis den 21. Juli 2018 huet all Offer missen eragereecht ginn. D'Oppositioun kritiséiert, dass d'Ausschreiwung op ee bestëmmte Promoteur, deen de Projet dunn och kritt huet, zougeschnidde war.
"Et gouf sécherlech keen Arrangement mat engem Promoteur", äntwert de Buergermeeschter dorop.
Dës Zweiwele konnte mat den Äntwerten vum Buergermeeschter net direkt eliminéiert ginn. No der Gemengerotssëtzung weist sech d'Oppositioun nach virsiichteg, sou de Charles Weiler nach.
Mat de Bauaarbechten an der Spidolsstrooss wäert weidergefuer ginn, verséchert eis de Buergermeeschter nach op Nofro.
Am Virfeld vun der Gemengerotssëtzung um Dënschdeg den Owend hunn d’Oppositiounsparteien CSV an DP e Froe-Katalog un de Schäfferot geschéckt, wou eng Partie Froen zu den zwee Bauprojeten opgeworf goufen.