
De Jean Asselborn wier a Kontakt gewiescht mam belschen Inneminister, wou d'Wichtegkeet ënnerstrach gouf, d'Restriktioune virun de Päischt-Feierdeeg falen ze loossen.
Mat Frankräich rechent ee mat enger Ouverture vun de Grenzen nom 15. Juni. Dat sot de Jean Asselborn e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.
Wat den EU-Konjunkturpak ugeet, do huet de Lëtzebuerger Chefdiplomat ënnerstrach, datt Kreditter eleng net duerginn, fir de Länner wéi Spuenien an Italien ze hëllefen, déi ganz uerg vun der Pandemie getraff goufen. Et mussen also och Sue kommen, déi net zeréckzebezuele sinn.
Et wier net den Ament, fir knéckeg ze sinn, sou nach de Jean Asselborn, deen och ënnerstrach huet, dass Lëtzebuerg interessant bleift fir EU-Agencen.
Och wann elo eng Entitéit mat 80 Leit kéint ofgezu ginn, nämlech d'Chafea, d'EU-Agence fir Konsumenten, d’Gesondheet, d’Agrikultur an Liewensmëttelsécherheet, déi bis ewell zu Gaasperech siegéiert hat. Dofir wieren der awer zwou bäikomm am Beräich Justiz an Informatik.
