TripartiteÉischt "Coordinatiounsentrevue" um Dënschdeg de Mëtteg

Joel Detaille
Am Konferenzzenter um Kierchbierg kënnt d'Regierung en Dënschdeg de Mëtteg mat de Patronatsvertrieder a mat de Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP beieneen.
D'Nora Back (Gewerkschaften), de Luc Frieden (Regierung) an de Michel Reckinger (Patronat) wäerte wuel wärend der Tripartite zesummen un engem Dësch sëtzen.
D'Nora Back (Gewerkschaften), de Luc Frieden (Regierung) an de Michel Reckinger (Patronat) wäerte wuel wärend der Tripartite zesummen un engem Dësch sëtzen.
© RTL Grafik

Et geet drëm d'Tripartite vun Ufank Juni ze preparéieren. Et ass déi éischte Kéier zanter laangem, dass déi 3 Säite dann nees zesummen ëm een Dësch sëtzen. Offiziell ass vun enger éischter Reunioun vum Tripartites-Coordinatiounscomité rieds.

Fir 16:30 Auer ass e Point-Presse geplangt.

Wirtschaftszuelen

De Statec an den Energie-Kommissär wäerten um dann och aktuell Wirtschaftszuelen duerleeën. Zentrale Sujet vun der Tripartite sollen nämlech d'Konsequenzen vum Iran-Krich sinn, huet de Premier Luc Frieden e Freideg jo erkläert. D'Sozialpartner wieren awer fräi all déi Mesuren mat op den Dësch ze bréngen, déi si fir richteg halen – virausgesat se stinn eben am Zesummenhang mam Krich, sot de Luc Frieden sënngeméiss. D'Gewerkschsaftsunioun huet scho wësse gedoen, dass si och de Sujet vum Mindestloun gär diskutéiert hätten.

Maniff zu Dummeldeng

Dorëms geet et dann och en Dënschdeg den Owend am Parc-Hotel zu Dummeldeng, wou eng gréisser Manifestatioun vun OGBL an LCGB organiséiert ass.
An der Invitatioun ass vun engem Rassemblement rieds, fir eng strukturell Augmentatioun vum soziale Mindestloun. D'Syndikater wéilten hir Memberen awer och iwwert déi lescht Evolutiounen am Kader vun den Tripartite-Negociatiounen informéieren.

Back to Top
CIM LOGO