Covid-KontrollenOp en Neits vill Verstéiss géint d'Ausgangsspär

RTL Lëtzebuerg
Lescht Woch huet d'Police 190 Kontrollen uechter d'Land duerchgefouert, fir ze kucken, ob sech un d'Coronamesurë gehale gouf.

De Fokus louch dobäi ënnert anerem um Couvre-feu (70% vun de Kontrollen) an um Anhale vun de sanitäre Konzepter an den Akafszentren.

A 7 Fäll goufen d'Hygiènesmesuren net respektéiert. Ronn 80 Persoune goufen iwwerdeems protokolléiert, well si wärend der Ausgangsspär tëscht Mëtternuecht a 6 Auer moies ënnerwee waren.

Back to Top
CIM LOGO