
Enn September hat de President vun der 1. Instanz vum Verwaltungsgeriicht eng Demande vu Koproprietéiten, zwou Residencen an 3 Privatleit no enger provisorescher Moossnam zréckgewisen. E Sonndeg du gouf sech mam Stater PAG beschäftegt an an deem Zesummenhank virun allem mat der "strategescher Ëmweltpréiwung".
De Me Couvreur huet als Affekot vun de Kläger gemengt, dass am Kontext vun der SUP vun 2013 net laang genuch no verschiddene Spezie gekuckt gi wär. Dorop hätt d'Ëmweltministesch an engem Avis higewisen, an eng Contre-expertise hätt dës Mänktem och beluecht. D'Cour administrative hätt et a leschten Decisioune méi labber gesinn, wéini d'Inzidenze vun där strategescher Ëmweltpréifung bekannt misste sinn: Am Ufank hätt dat fréi de Fall misse sinn, wougéint et dono méi spéit konnt sinn, awer nëmmen, wann d'Kläger nach intervenéiere konnten. Hei wär et awer net dozou komm, woubäi Spezie wéi de Muscardin (op däitsch Haselmaus) oder d'Coronelle lisse (op däitsch Schlingnatter) eréischt méi spéit entdeckt gi wären. Wéinst enger Violatioun vum entspriechende Gesetz vun 2008 wär de PAG ze annuléieren.
Domat waren d'Affekote vun der Stad, vum Staat a vum Promoteur net d'accord. De Me Gilles Dauphin huet fir d'Stad de Virworf vun enger sommairer SUP kontestéiert, an d'Contre-expertise vun der Géigesäit wär keng richteg. De Bureau d'études, dee se verfaasst huet, wär nämlech net emol op den Terrain komm, mä hätt just d'Etüd vun der Gemeng analyséiert. Well d'Majoritéit vun de Schlingnatteren eréischt 2017/2018 gebuer wär, kéinten déi net virdrun entdeckt gi sinn. Den negativen Avis vun der Ministesch hätt also dozou gefouert, dass d'Déieren iwwerhaapt mol entdeckt goufen. Wourop och de Me Schintgen fir de Staat verwisen huet. Och a sengen Ae wär d'Contre-expertise ferm virageholl a géif keng Plus-value duerstellen. Iwwerdeems de Me Helminger fir de Promoteur d'Fro no der Noutwendegkeet vun enger SUP carrement mat Nee beäntwert huet.
D'Uerteel an dëser Affär dierft an den nächste Woche falen.