Militärfliger fonntOp der Sich no engem ganz spezielle Fliger mam Patrick Murphy

RTL Lëtzebuerg
De leschte Weekend schonn hu mir Iech vum Patrick Murphy erzielt, deen no 5 Joer Recherche am Éislek Deeler vun engem US-Militärfliger fonnt huet.
Ausgruewungen
De leschte Weekend schonn hu mir Iech vum Patrick Murphy erzielt, deen no 5 Joer Recherche am Éislek Deeler vun engem US-Militärfliger fonnt huet.

D’Maschinn, wou 9 US-Zaldoten dra souzen, war 1945 ofgeschoss ginn. Dës Woch dunn huet de Patrick Murphy eis op weider Ausgruewunge matgeholl.

Et ass net nëmmen e Lach an iergendengem Feld. Déi grouss Lächer, déi d’Bommen esou hannerlooss hunn, goufen du fir e bestëmmten Zweck genotzt.

Patrick Murphy:

“Mir wëssen aus Erzielunge vu Baueren, dass hei e puer Kratere vu Bomme sinn, an deene Wrackdeeler vergruewe goufen.  D’Iwwerreschter goufe vun der Schwäizer an der Amerikanescher Arméi  zesumme mat Awunner aus den Dierfer an d’ Lächer geluecht, fir d’Schluechtfeld ze raumen.”

Doduerch, dass hei vill Iwwerreechter entsuergt goufen, hofft de Patrick Murphy an dësem Lach och Stecker vu senger B17 Bull Session ze fannen. Scho 6 esou Krateren huet hien an dëse Felder op gegruewen.

Ma eleng dës Plaz ze fannen, ass net einfach. Fir d’éischt geet et mam klenge Metalldetekter iwwert d’ganz Feld, fir erauszefannen, wou d’Konzentratioun vum Metall am héchsten ass. Da kënnt e méi grousse Metalldetekter an d'Spill, deen Iwwerreechter erkennt, déi bis zu 6 Meter ënnert dem Buedem leien.

Patrick Murphy: “Héiert Iech dat un! Sou grouss ass et. Sou grouss a sou voll ass dat Lach.”

Nodeems d’ Plaz genee identifizéiert gouf, kann et da mat den Ausgruewunge lass goen. 2-3 Mol mat der Schëpp iwwert de Buedem an schonn ass dat éischt Stéck ze gesinn. An et geet nëmme virun. Ënnerstëtzt gëtt de Patrick Murphy béi dëser Aarbecht vun enger Partie Fräiwëllegen, déi bei all Wieder mat op den Terrain kommen.

Wéi e Stéck se lo hei fonnt hunn an ob et zu der B-17 Bull Session gehéiert, ass relativ séier kloer.

Patrick Murphy: “Wat mir hei fonnt hunn, ass wat een den horizontale Stabilisator nennt. Dat sinn déi zwee Deeler hei. Dat hei ass awer just eng Säit. Dat kléngt Stéck, wat hei drun ass, ass sëlwreg lackéiert.”

Fir den Zweete Weltkrich-Passionéierte keen iwwerraschende Fund – an awer sinn esou Ausgruewunge fir hien ëmmer rëm wéi Chrëschtdag. Et weist een einfach ni wat ee kritt.

De Patrick Murphy sicht jo schonn zënter 5 Joer no dësem Fliger. Säin Zil ass et, déi zwee US-Zaldote vun der Besatzung ze fannen, déi ëmmer nach vermësst ginn. Hien rechent net domadder, Spuere vun hinnen op dëser Plaz ze fannen. Mat Hëllef vun de Stécker kéint hien awer ëmmer besser agrenzen, wou déi zwee Vermësster eventuell leien.

Wann dës Plaz hei ofgeschloss ass, geet et dann héchstwarscheinlech net wäit vun hei virun. Mat Hëllef vu fréiere Biller, ass hie méiglecherweis op e weidere Krater gestouss.

5 Joer laang huet de Patrick Murphy no engem ganz spezielle Fliger gesicht (15.08.21)

Fliger aus dem 2. Weltkrich entdeckt
Ganzer 5 Joer laang huet de Patrick Murphy no engem ganz spezielle Fliger gesicht. Et geet ëm eng Boeing B-17G mam Numm "Bull Session".

Ëmmer rëm gi bei eis am Land zoufälleg Iwwerreschter vum zweete Weltkrich fonnt. Dat ka Munitioun sinn, awer och Deeler vu Gefierer.

Net esou zoufälleg war d’Entdeckung, déi de Patrick Murphy am Éislek gemaach huet.

Ganzer 5 Joer laang huet de Patrick Murphy no engem ganz spezielle Fliger gesicht. Et geet ëm eng Boeing B-17G mam Numm "Bull Session". En amerikanesche Militärfliger, dee wärend dem Zweete Weltkrich vun der däitscher Arméi beschoss gouf an hei am Land erofgefall ass. Ugangs dës Joers huet de fréieren Archeolog éischt Stécker vun der "Bull Session" fonnt. Duerno goung et 2 Méint laang un d’Ausgruewungen. Iwwerrascht ass de Patrick Murphy iwwert de gudden Zoustand vun den Iwwerreschter. Dës wiere besonnesch interessant, fir d’Geschicht vun der Loftfaart ze verstoen:

Patrick Murphy
Patrick Murphy

"Dëse Fliger gouf 1935 entwéckelt an dann 1943 op de Maart bruecht. Dat si knapps 20 Joer nodeems Fligeren iwwerhaapt erfonnt goufen. D'Technologie an déi Iwwerreschter, déi hei ze gesi sinn, si wéi en oppent Buch fir Aviatioun- an Technik-Interesséierter", erkläert de Patrick Murphy.

Fir de Patrick Murphy geet et hei awer net eleng ëm d’Iwwerreschter vum Fliger, mä och ëm déi zwee US-Zaldote vun der Besatzung, déi ëmmer nach vermësst ginn.

“Ech wëll dozou bäidroen, dass d’Famill ofschléisse kann. Ech weess, dass mir se villäicht net fannen, awer mir ginn eist Bescht. An de leschte 76 Joer war déi grouss Erausfuerderung de Fliger iwwerhaapt ze fannen. Elo hu mir de Punkt, wou se beschoss gouf, an d’Plaz, wou se ofgestierzt ass. Iergendwou dotëscht hoffe mir genuch Beweiser ze fannen”, sou de Patrick Murphy.

Bis ewell goufe 5 Tonnen un Iwwerreschter vun der B-17G fonnt. D’Ausgruewunge goufen zesumme mat Kolleegen a Frënn duerchgefouert. Fir hinne Merci ze soen, huet de Patrick Murphy eng kleng privat Ausstellung vun engem Deel vun de Stécker gemaach.

Geschwë sinn da weider Ausgruewunge geplangt, fir déi feelend Stecker vum Fliger ze sichen a villäicht och déi vermëssten US-Zaldoten ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO